Deutsch   Français   

MEMBER GINN

 

Iech gefällt dës Aktioun? Dir fannt et wichteg, datt mei offen zu Lëtzebuerg soll diskutéiert ginn? Ëmweltthemen, Mobilitéit, Gerechtegkeet ... si fir Iech wichteg an Dir wëllt hëllefen dësen Iddien eng staark Lobby ze ginn? Dir fannt Projeten wei d'Oeko-Foire, Alles op de Vëlo, Energiewochen an aner Sensibiliséierungsaktiounen vum Mouvement Ecologique gutt?

Da gitt Member! Mat 3000 Leit ass de Mouvement eng stark Organisatioun, mee et kënnt op all Eenzelnen un!

 

Mir brauchen Iech!

 

  • Wat méi Leit Member sinn, wat de Mouvement Ecologique nach méi duerstellt a nach méi erreeche kann
  • Vill Memberen heescht awer och eng zolitt finanziell Basis an eng finanziell Onofhängegkeet vum Staat
  • Ma virun allem: eng breet Memberbasis erhéicht d'Solidaritéit, d'Motivatioun an d'Dynamik vun enger Organisatioun

 

Mir bidden Iech:

 

  • Mindestens 16x am Joer eis gratis Memberzäitschrëft, de „Kéisecker-Info" mat rezente Positiounen, Aktiounen, Aktivitéiten, Ukënnegunge vu Konferenzen a Seminären, ...
  • 3x am Joer „De Kéisecker", den Ëmweltmagazin mat recherchéierten Hannergrondinformatiounen, interessanten Interviewen an nëtzleche Rotschléi fir den Alldag
  • Regelméisseg Invitatiounen zu Wanderungen ronderëm d'Thema „Natur a Kultur", Konferenzen a Seminären
  • Eng Remise op Entréestickete fir Veranstaltungen vum Mouvement Ecologique

 

Gitt elo Member a sicht Iech ee flotte Cadeau eraus:

 

  • 25 € - Chèque-cadeau „Pimpampel"
  • 25 € - Chèque-cadeau „Naturata"
  • 25 € - Chèque-cadeau „Co-labor"
  • 25 € - Chèque-cadeau „www.velosophie.lu"
  • CD vum André Mergenthaler
  • Kachbuch „Natierlech genéissen"
  • MECO-Kachschiertech

 

 

 

 

 

 

 

Member ginn

MECO-PRESENTATIOUN

Wann Dir Iech wëllt iwwer d’Conditioune vun enger Memberschaft beim Mouvement Ecologique informéieren, da kënnt dir hei eisen Info-Dépliant fir nei Memberen eroflueden.

MEMBER GINN

Dir kënnt bei eiser aktueller Memberaktioun matmaachen, Äre Memberformulaire online ausfëllen an Iech e flotte Cadeau eraussichen Link op de Member-Formulaire um Meco-Site

NEWSLETTER

Mellt Iech bei eisem Newsletter-Service un a profitéiert vun aktuellen Informatiounen an Invitatioune fir Veranstaltungen, Seminären a Visiten.

Aktiviteitsbericht 2008

AKTIVITÉITSBERICHT

Wann Dir Iech wëllt iwwer d’Aktivitéite vum Mouvement Ecologique informéieren, da kënnt Dir hei eisen Aktivitéitsbericht 2008 eroflueden.

MOUVEMENT ECOLOGIQUE

Fir all generell Informatiounen zu Aktivitéiten, regionale Gruppen, Positiounen, Themen an Engagementer vum Mouvement Ecologique:
www.meco.lu