Deutsch   Français   

WAHLPROPOSEN MECO

 

Et ass wichteg, datt zu Lëtzebuerg nach villes méi wéi an der Vergangenheet am Beräich nohalteg Entwécklung ëmgesat gëtt. Mir brauche méi Diskussiounen, méi eng mënschegerecht Mobilitéit ... am Interessi vun de Leit déi haut liewen, enger méi gerechter Welt ... an den nächste Generatiounen. Dat ass op alle Fall d'Iwwerzeegung vum Mouvement Ecologique. Fannt Dir dat och? Dann ënnerstëtzt dës Iddien a maacht Äert Wahlplakat mat engem vu folgende Sloganen:

 

  • Fir eng offe Sträitkultur iwwert Zukunftsfroe vum Land!
  • Amplaz Kierchtuermspolitik: regional Zesummenaarbecht vu Gemenge stäerken!
  • Soziales an Ekologie zesummebréngen: Aktiounsprogrammer ausschaffen!
  • En Nohaltegkeetscheck fir all staatlech Décisiounen: och a grad a Krisenzäiten!
  • Absolut Prioritéit fir den ëffentlechen Transport, och op Käschte vum Auto!
  • Vun 2,7 % op 10% Bio-Landbau bis 2020 zu Lëtzebuerg!
  • Manner Landverbrauch a méi Biodiversitéit: Liewesqualitéit, och fir eis Kanner!
  • Eis Verantwortung iwwerhuelen: Klimaschutz fänkt hei bei eis am Land un!
  • Aarbechtsplaze fir d'Zukunft schafen: am Klimaschutz an a gréngen Technologien!
  • Keen Dumping vun demokratesche Rechter an Ëmweltnormen ënnert dem Deckmantel vun der Wirtschaftskris!

 

Interesséiert Dir Iech méi fir dem Mouvement Ecologique seng Fuerderunge fir d'Wahlen?

Da kuckt eran!

 

 

 

 

 

 

 

Brochure

BROCHURE

Brochure mat ville konkrete Virschléi

 

Download Brochure

Brochure bestellen

Stickers

STICKER

Bestellt eisen Autocollant fir d’Wahle mam Slogan „Mir wielen de Message hannert der Visage“ (14 x 2,8 cm)