Deutsch   Français   

D'Aarbecht vum Mouvement Ecologique - engagéiert, kritesch, phantasievoll, lieweg, mat Visioune fir muer...

 

Déi nohalteg Entwécklung, den Erhalt vun enger gesonder a lieweswäerter Ëmwelt, och fir zukünfteg Generatiounen, méi eng grouss Gerechtegkeet a Solidaritéit tëschent de Länner vum Norden a vum Süden, d'Verbanne vun Ekologie a Sozialem, Energiespueren, erneierbar Energien, eng aner Mobilitéit, attraktiv Gemengen ... fir dës an aner Iddië setzt sech de Mouvement Ecologique dank senge Memberen an.

Maacht mat bei der MECO-Wahlcabine

 

Am Kader vun den Nationalwahlen 2009 lancéiert de Mouvement Ecologique eng Campagne, fir dës Fuerderungen nach méi an de Virdergrond ze stellen.

 

Wéi Parteien Affiche maachen, wëlle mir mat Iech als „Kandidat/in" Wahlplakater maachen, mat virun allem 10 engagéierten Thesen fir eng lieweswäert Zukunft, wéi beispillsweis: „Absolut Prioritéit fir den ëffentlechen Transport, och op Käschte vum Auto!". Ënnert dem Slogan „ESD-Ech stinn derhannert!" soe mir kloer zu wat mir stinn.

 

Wëllt Dir d'Iddië vum Mouvement Ecologique ënnerstëtzen?

Wëllt Dir nei Iwwerleeungen an d'Wahldebatten abréngen?

 

Da sot eis Är Prioritéite fir d'Wahlen a realiséiert Är eege Wahlaffiche! Weist als „Kandidat/in" hannert wéi enger Fuerderung Dir besonnesch stitt!

... a mailt se u Frënn a Bekannte weider!

 

Maacht dat:

  • andeems Dir hei um Site Är Foto eroplued an Är Positioun hei direkt online publizéiert.
  • oder kommt bei eis laanscht a loosst Iech fotograféieren. Mir si bis zu de Wahlen de 7. Juni op ville Plazen am Land ënnerwee. Rezent war d'Wahlcabineop der Generalversammlung vum Mouvement Ecologique an der Staat ënnerwee.

 

Äert Plakat fannt Dir da kuerz duerno online hei um Site.

      110 sur 114